Mir engagéieren eis fir d’Kanner, d’Elteren an d’Gemeinschaft vu Biwer.
D’Elterenvereenegung vun der Gemeng Biwer a.s.b.l. setzt sech dofir an, dass d’Schoul an déi pädagogesch Ariichtungen an eiser Gemeng e Raum bleiwen, wou sech Kanner wuel fillen, sech entwéckele kënnen a Freed um Léieren hunn.
Eis Haaptzil ass et, zum Wuel a Fortschrëtt vun der Grondschoul an den Ariichtungen am periscolaire Beräich bäizedroen – ëmmer am enke Kontakt mat der Schoul, der Gemeng an den Elteren.
Gläichzäiteg organiséieren a ënnerstëtzen mir Fräizäitaktivitéiten am Interessi vun de Kanner – a heiansdo och vun den Erwuessenen – fir d’Zesummeliewe an d’Gemeinschaft an eiser Regioun ze stäerken.
Mir si politesch a reliéis neutral an schaffen fräiwëlleg, mat vill Häerzblutt an engem grousse Sënn fir Zesummenhalt.
Jidderee kann matmaachen, dee sech fir d’Kanner a fir e liewegt, sozialt Miteenaner an eiser Gemeng engagéiere wëll.