D’Elterenvereenegung vun der Gemeng Biwer a.s.b.l. bitt dräi Schwammcours-Perioden pro Joer un:
September – Dezember
Januar – Abrëll
Abrëll – Juli
All Cours ëmfaasst 10 Léiereenheeten a gëtt vun erfuerenen, qualifizéierte Schwammtrainer*innen duerchgefouert.
D’Umeldung geschitt online iwwer e Formulaire, deen op eiser Websäit fräigeschalt gëtt. De Link gëtt och iwwer d’EVB WhatsApp-Community / de Facebook-Site an eise Website gedeelt, soubal d’Umeldungsphase ufänkt.
👉 Wichteg:
Fir all Period gëtt en Umeldeschluss festgeluecht.
No dësem Datum kréien all Elteren eng Confirmatiounsmail mat weidere Detailer zu Grupp, Zäiten a Startdatum.
D’Plazen ginn no Aschreiwungsuerdnung verginn, well mir bewosst kleng Gruppen fir eng individuell Betreiung ubidden.
D’Käschte fir e Schwammcours leien aktuell bei 175 € pro Kand a pro Cours (déi 10 Eenheeten enthalen).
Bezuelungsdetailer kritt Dir mat der Confirmatiounsmail.
Eis Schwammcoursen riichte sech un:
Kanner aus der Gemeng Biwer
Kanner aus de Nopeschgemengen
D’Altersgrenzen an d’Entrëttsbedingungen sinn pro Level kloer definéiert: zu de Level-Beschreiwungen weider uewen.
Fir all Schwammcours gëtt eng organisatoresch WhatsApp-Grupp ageriicht. Dës déngt der Kommunikatioun a Koordinatioun tëscht de Schwammtrainer*innen, dem Schwammmeeschter an den Elteren. Hei ginn och aktuell Infoen, Erënnerungen oder Ännerungen (z. B. bei Ausfäll oder Verschiebungen) gedeelt. D’Bedeelegung un dëser Grupp ass empfohlen, fir ëmmer um Lafende ze bleiwen.
Bei Froen oder Onkloerheeten (z. B. wéini a wéi e Kand an dat richtegt Level wiesselt) kënnt Dir eis gären kontaktéieren: schwammen(at)evb-biwer.org
Mir freeën eis, äert Kand op sengem Wee zum séchere, frëndleche Schwëmmer ze begleeden!