D’Elterenvereenegung vun der Gemeng Biwer huet eng WhatsApp-Community erstallt, fir d’Elteren (an all Interesséierten) aus der Gemeng nach méi einfach zesummenzebréngen.
An eiser Community geet et ëm Austausch, Zesummenhalt an Hëllef am Alldag. Hei fannt Dir:
Verbindung tëscht allen Elteren aus der Gemeng – fir sech kennenzeléieren, auszetauschen a géigesäiteg z’ënnerstëtzen
spezifesch Gruppen fir Themen wéi
👉 Second-Hand-Bourse (Kannerkleeder, Spillsachen, Material),
👉 lokal Evenementer a Veräinsaktivitéiten,
👉 praktesch Hëllef a Tipps am Alldag
Elterengruppen pro Klass an der Grondschoul, fir Kommunikatioun a Koordinatioun ze vereinfachen
Info- a Chatgruppen fir d’Elteren aus de Schwammcoursen, fir Organisatioun an Austausch
D’Community gëtt vun der EVB verwalt, fir datt d’Kommunikatioun respektvoll, sécher a relevant bleift.
Deng Telefonsnummer ass nëmme fir d’Membere vun dengem Grupp sichtbar – mir leeë Wäert op Privatsphär a Fairness.
Maach mat an der EVB WhatsApp-Community!
Klick op de Link oder scan de QR-Code fir bäizetrieden:
https://chat.whatsapp.com/GGWIf7OPKEVBHQJq3Cefyw
Zesumme maache mir d’Elterengemeinschaft vu Biwer nach méi staark!