Mir engagéieren eis fir d’Kanner, d’Elteren an d’Gemeinschaft vu Biwer.
D’Elterenvereenegung vun der Gemeng Biwer a.s.b.l. setzt sech dofir an, dass d’Schoul an déi pädagogesch Ariichtungen an eiser Gemeng e Raum bleiwen, wou sech Kanner wuel fillen, sech entwéckele kënnen a Freed um Léieren hunn.
Eis Haaptzil ass et, zum Wuel a Fortschrëtt vun der Grondschoul an den Ariichtungen am periscolaire Beräich bäizedroen – ëmmer am enke Kontakt mat der Schoul, der Gemeng an den Elteren. Gläichzäiteg organiséieren a ënnerstëtzen mir Fräizäitaktivitéiten am Interessi vun de Kanner – a heiansdo och vun den Erwuessenen – fir d’Zesummeliewe an d’Gemeinschaft an eiser Regioun ze stäerken. Mir si politesch a reliéis neutral an schaffen fräiwëlleg, mat vill Häerzblutt an engem grousse Sënn fir Zesummenhalt.
Jidderee kann matmaachen, dee sech fir d’Kanner a fir e liewegt, sozialt Miteenaner an eiser Gemeng engagéiere wëll.
Président
jean-marie.reiners(at)evb-biwer.org
Sécretaire
daniel.philippe(at)evb-biwer.org
Vizepräsidentin
mandy.theisen(at)evb-biwer.org
Trésorier
ralf.ollinger(at)evb-biwer.org
D’Lëscht vun de Memberen vun der Elterenvereenegung vun der Gemeng Biwer a.s.b.l.
gëtt vum Verwaltungsrot gefouert an regelméisseg aktualiséiert.
Fir Transparenz an Zesummehalt ze fërderen, gëtt déi aktuell Memberslëscht op eiser Websäit verëffentlecht an ass fir all Interesséierten agesiichtlech.